30 Jar Desch-Tennis Méischdref
Den
13.Oktober 1971 haten e puer Leit d’Iddi zu Méischdrëf en Dësch-Tennisveräin
ze grënnen. Dest waren: Kersch Alice, de Waha Jean, Schiltz Lucien, Schiltz
Nico, Stelmes Norbert an Theisen Alphonse. Des Grënnung huet groussen Uklang
fonnt an den eischte Comité guef den 28.Oktober 1971 gewielt.
1.Präsident guef demols den Dondelinger Jemp, deen de jonken Veräin
finanziell ennerstëtzt huet.
An deenen 30 Jar hu folgend Leit den Präsidenteposten besat:
Dat éischt Championnatsjar mat 2 Hären- an enger Damenequipe hu mir an eisem
Clublokal dem Hôtel de la Sûre gespillt. Do haten mer de Sall zur Verfügung
gestallt kritt an mir hunn oft missen laang waarden fir beim Training un d’Rei
ze kommen.
D’Gemeng huet eis dunn déi al Schoul als Sall ginn wou mer fir den Training 2
Dëscher opstellen konnten an esou méi intensiv trainéiert hunn.
Den eischte grousse Succès hat eise Veräin 1978/1979 wou d´1.Equipe vun der
3. an déi 2. Divisioun gestigen ass. Lues a lues ass eise Veräin ëmmer méi
grouss ginn an d’Jugend huet sech fir des Sportart interesséiert.
Duerch de Bau vun enger neier Hal zu Bur hate mir als Sportsveräin vill méi Méiglechkeeten
eise Spiller besser Trainingsbedingungen ze bidden an doduerch eis um
sportlechen Niveau ze verbesseren. Mir konnten och doduerch méi Equipen umellen
a hunn an der Saison 1981/1982 mat 5 Hären-an 1 Damenequipe gespillt.
Mir hun och an der Hal an all dénen Jaren verschidden Fester a Bâlen organiséiert
déi et erméiglecht hunn eis Spillmaterial (Dëscher, Raketten asw.) ze kafen.
Verschidden sportlech Organisatiounen vun der Fédératioun sinn zu Bur an der
Hal ofgehalen ginn déi groussen Uklong fond hun bei eisen Memberen an
Sportsfrenn.
Eise gréissten sportlechen Erfolleg hate mir wéi 1988 eis 1.Equipe an der
1.Divisioun gespillt huet.
An der Saison 1988/1989 waren mir ganz stolz wéi mir 7 Seniorsequipen, 2
Scolaires an 2 Minimeséquipen bei der Fédératioun umelle konnten. Dat Jar
hate mer och 6 Equipen am Championnat jeunes filles ugemellt an d’Fédératioun
hat Schwieregkeeten fir déi anzedeelen.
An der Saison
2000/2001 hate mir fir d’éischt an eiser Veräinsgeschicht 8 Seniorsequipen
ugemellt. Ausserdeem hunn och nach 2 Jugendequipen gespillt.
Elo zielt eise Veräin 44 .aktiv Memberen déi mat Begeeschterung an Asaz regelmässig
um Training an um nationale Championnat deelhuelen.
Fir eis Jugendspiller hu mir 2
Traineren engagéiert. Geet een wärend der Saison Densdes owes op Bur an d´Hal
, esou ass een iwwerrascht e wéivill Nowuesspiller mir momemtan hunn. D´Kanner
huele mat enger grousser Begeeschterung um Training
deel an sinn och bal ëmmer präsent. D´Jugend ass d´Zukunft vu jiddfer Veräin
an dofir hoffe mir eise Nowuesspiller d´Freed an d´Loscht um Desch-Tennis ze
vermëttelen.
Niewend dem Sport hu mir awer och nach e puer Manifestatiounen, déi mir
schons säit Jaren regelmässeg organiséieren.
Esou hu mir den 30. Abrell eisen traditionelle Meebal an den Dag drop gi mir an
de Besch de Meekranz bannen. Hei get gegrillt an eng lecker Zopp eragefeiert. D´Kanner,
déi sech schons d´ganz Jar op desen Dag freeën , spillen de ganzen Dag am Bësch.
Desweideren
gi mir reegelmässeg mat eisen eegenen Musikanten a Sänger am November den Hämmelsmarsch
duerch Méischdref a Buerschdref spillen. Dest ass schons eng laang Traditioun, déi
mir oprechterhale wëllen.
Wärend e puer Jar organiséiere mir och e Beaujolaisowend wou jidfereen deen
Loscht a Laun huet e gemittleche Patt mat engem Teller Kéis zervéiert kritt.
Niewend all deenen Aktivitéiten daerfe mir awer net déi selleg Owender no de
Matcher an den Traininger vergiessen, wou mir gemittlech bäim Patt zesumme sëtzen a poteren.
All des Aktivitéieten droen och dezou bäi, datt d´Leit sech besser kenne léieren
an esou kann dat Ganzt op enger frendschaftlecher Basis opgebaut gin.
Fir
d’Zukunft wënsche mir eis